De Club gouf 1923 ënnert dem Numm FC Steinfort gegrënnt.
De 4. Juni 2007, no enger ausseruerdentlecher Generalversammlung, ass den Numm FC Sporting Steinfort op Sporting Club Steinfort geännert gin, an dat wéinst enger Partnerschaft mam Sporting Clube vu Portugal ( ee vun den dräi groussen portugiesesche Veräiner).
Den 20. Juli 2019 ass an enger ausseruerdenlechter Generalversammlung den Numm vum Club geännert gin.
Aus dem Sporting Club Steinfort gët elo den Futtballclub Stengefort.
De Club operéiert ënnert dem Status vun enger A.S.B.L. De Finanzjournal entsprécht engem Kalennerjoer, an all Joer ass eng Generalversammlung.
Den Terrain ,,Stade Demy Steichen'' läit am Zentrum vun der Uertschaft Stengefort an der Gemeng Stengefort mat +/- 5.000 Awunner.
De Club huet e ganz dynameschen Komitee an eng eegen Jugendkommissioun.
D'Majoritéit vum Komitee ass schon zanter Joren aktiv, an d'Resultater kënnen sech och weise loossen:
Am Moment zielt den FC Stengefort méi ewéi 250 aktiv Memberen, vun deenen zumindest zwee Drëttel jonk Leit tëscht 5 an 18 Joer aal sinn.
Eis Equipen spillen d'Meeschterschaften an hire jeweilegen Kategorien an an der Lëtzebuerger Coupe an de folgenden Kategorien:
Bambinis, Pupilles, Poussins, Minimes, Scolaires, Cadets, Junioren, Senioren 2 a Senioren 1.